Albert Biever
Ausgesinn
Albert Biever | |
---|---|
Gebuer |
24. Abrëll 1858 Lampertsbierg |
Gestuerwen |
14. November 1934 New Orleans |
Famill | |
Geschwëster | Zephyrin Biever |
Den Albert Biever, SJ, gebuer de 24. Abrëll 1858[1] am Bieveschgaart um Lampertsbierg[2],[3] (deemools Gemeng Rollengergronn), gestuerwen de 14. November 1934 zu New Orleans (USA)[4], war e lëtzebuergesche Jesuitt.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]No sengem Studium am Progymnase zu Iechternach an am Collège Saint Joseph zu Tournai,[5] dee vu Jesuitte geleet gouf, ass den Albert Biever am Alter vu 17 Joer an Amerika ausgewandert, wou hien 1889 an de Jesuittenuerden agetratt ass. Hie war den éischte President vum Loyola College zu New Orleans, deen 1904 seng Dieren opgemaach huet an 1912 de Status vun enger Universitéit krut[4].
Den Albert Biever ass den Auteur vum Buch: The Jesuits in New-Orleans and the Mississippi Valley[2].
Hien ass de Brudder vum Zephyrin Biever[2].
Publikatiounen
[änneren | Quelltext änneren]- Albert H. Biever, SJ, 1924. The Jesuits in New Orleans and the Mississippi Valley. New Orleans, 173 S.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1925. Limpertsberg, 4. September. Luxemburger Wort 1925, Nr. 259 (16. September), S. 4. LW1925-09-16: 4 [1]
- Anonym, 1929. Jesuitenpater Albert Biever. Luxemburger Wort 1929, Nr. 280 (7. Juli), S. 4 (Kleines Feuilleton). [2]
- Bost, B., 2012a. Hochschulgründer aus Rollingergrund: unter Albert Biever erhielt am 10. Juli 1912 das Loyola College den Status einer Universität. Lëtzebuerger Journal 2012, Nr. 131 (10. Juli), S. 19. (Archived by WebCite®)
- Bost, B., 2012b. Universitätsgründer Albert Biever SJ (1858-1934) aus Rollingergrund: “Ein Träumer nach dem Herzen Gottes”. Vor 100 Jahren staatliche Anerkennung der Loyola Universität in New Orleans. Die Warte 2012, Nr. 23 (12. Juli), S. 14-15.
- Clancy, T. H., Albert H. Biever, S.J. (1859-1934). [3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Aner bekannt Lëtzebuerger Jesuitten
- Johann Philipp Bettendorff (1625-1698)
- François-Xavier de Feller (1735-1802)
- Jean-Baptiste Kremer (1869-1927)
- Jean-Claude Hollerich (*1958)
- Schrëftstellerheem Bellevue vun den däitsche Jesuitten an der Stad Lëtzebuerg (1899-1911)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- 1912: Loyola University is founded by the Jesuits in New Orleans. Published: Sunday, October 16, 2011.
- Loyola History.