Op den Inhalt sprangen

Aigyptos

Vu Wikipedia
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Aigyptos (gr. Αίγυπτος, lat. Aegyptus) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Belos, Brudder vum Danaos. Hien huet iwwer d'Melampoden "Schwaarzféiss" gewonnen a säin nei gegrënnt Räich Egypten benannt.

Den Aigyptos huet dem Danaos seng 50 Duechteren (Danaïden) gezwonge seng eege 50 Jongen ze bestueden. Mat Rot an Hëllef vun hirem Papp ass ent den Danaïden awer gelongen hir Männer an der Hochzäitsnuecht ëmzebréngen. Nëmmen een, de Lynkeus, huet iwwerlieft.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.