Adolf Hnatek
Ausgesinn
Adolf Hnatek | |
---|---|
Gebuer |
7. Juni 1876 Wien |
Gestuerwen |
16. Oktober 1960 Wien |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
![]() |
Den Adolf Hnatek, gebuer de 7. Juni 1876 zu Wien, a gestuerwen de 16. Oktober 1960, war en éisträicheschen Astronom.
Den Hnatek war Professer fir Astronomie op der Universitéit Wien a vill Joerzéngten aktiv am Universitéitsobservatoire. Hie war e Pionéier an der Spektralphotometrie vu Stären[1], andeems hien déi relativ Energiedichten (bestëmmbar aus de fotografesche Placken) bei verschiddene Wellenlängte verglach huet. Aus Vergläicher mat dem Schwaarzkierperspektrum vun engem Vergläichsstär huet hien dann d'Temperatur ermëttelt. Hien huet iwwer dëst Gebitt am Joer 1928 een Artikel an d'Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften geschriwwen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ J. B. Hearnshaw Measurement of Starlight, S.308