8. Juni
Ausgesinn
<< | Juni | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | |||||
3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 |
10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 |
17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 |
24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 |
2024 |
Den 8. Juni ass den 159. Dag vum Joer (160. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1783: Ufank vun der Eruptioun vum Laki-Vulkan op Island, mat an de Méint a Joren duerno klimateschen Auswierkungen op déi ganz Nordhallefkugel.
- 1815: Den Däitsche Bond gëtt gegrënnt.
- 1972: Am Vietnamkrich gräift d'US-Army d'Duerf Trảng Bàng mat Napalm aus der Loft un; dem Nick Ut seng Foto vu blesséierte Kanner déi fortlafen, dorënner d'Meedche Kim Phuc, dat de Réck verbrannt hat, gëtt eng Ikon géint de Krich.
- 1986: De Kurt Waldheim gewënnt d'Wale fir den éisträichesche Bundespresident.
- 1990: Bei den éischte fräie Parlamentswalen zanter 1946, no der Samenttener Revolutioun, an der Tschechoslowakei gewannen d'Biergerrechts-Beweegungen.
- 2003: A Polen stëmme 77 Prozent vun de Wieler fir e Bäitrëtt zu der Europäescher Unioun.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1955: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 2:2 géint Tschechoslowakei. Déi zwéi Goler fir d'Lëtzebuerger huet den Antoine Kohn geschoss.[1]
- 1997: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Burgas, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:4 géint Bulgarien.[2]
- 2005: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2006, 0:4 géint Slowakei.[3]
- 2006: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:3 géint d'Ukrain.[4]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Robert Schumann
-
Samuel Hirsch
-
Francis Crick
-
Ernest Muhlen
-
Kim Klijsters
- 1810: Robert Schumann, däitsche Komponist.
- 1815: Samuel Hirsch, däitsche Rabbiner a Philosoph; éischte Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 1826: Louis Joseph Zelle, lëtzebuergesch-hollänneschen Auteur a Militär.
- 1843: Carl Frederik Pechüle, däneschen Astronom.
- 1851: Jean-Pierre Knepper, lëtzebuergeschen Architekt an Hobby-Historiker.
- 1867: Frank Lloyd Wright, US-amerikaneschen Architekt.
- 1868: Pierre Charles Schoren, lëtzebuergesche Fotograf a Postkaartenediteur.
- 1893: Adolphe Reckinger, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1907: Alphonse Arend, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker.
- 1913: Ady Claude, Lëtzebuerger Scout a Resistenzler.
- 1916: Francis Crick, englesche Physiker a Biochemiker, Nobelpräisdréier.
- 1917: Lucien Bidinger, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1918: Gunther Philipp, éisträichesche Sportler a Schauspiller.
- 1919: Max Jacoby, däitsche Fotograf.
- 1920: Pit Schneider, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 1921: Hadji Mohamed Suharto, indoneesesche Politiker, President.
- 1924: Jean Schoos, lëtzebuergeschen Historiker.
- 1924: Pierre Cardinal, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1926: Ernest Mühlen, lëtzebuergeschen Ekonomist a Politiker.
- 1931: Dana Wynter, brittesch Schauspillerin.
- 1932: Joseph Hansen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1936: James Darren, US-amerikanesche Schauspiller an Televisiounsregisseur.
- 1941: Jean-Paul Rippinger, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1944: Babik Reinhardt, franséischen Jazz-Gittarist.
- 1948: Jürgen von der Lippe, däitschen Tëleesmoderator, Komiker a Schauspiller.
- 1955: Tim Berners-Lee, Erfinder vum World Wide Web.
- 1960: Agnès Soral, franséisch-Schwäizer Schauspillerin.
- 1971: Mike Herrmann, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1972: "Tron", däitschen Hacker.
- 1973: Laurent Schley, lëtzebuergeschen Zoolog.
- 1974: Nancy Weiland, lëtzebuergesch Molerin.
- 1980: Christine Schaefers, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 1983: Kim Clijsters, belsch Tennisspillerin.
- 1988: Samy Picard, lëtzebuergesche Basketballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 632: islamesche Prophéit Mohammed.
- 1376: Edward vu Woodstock, de Schwaarze Prënz, Prënz vu Wales.
- 1795: Louis XVII., Dauphin vu Frankräich.
- 1845: Andrew Jackson, 7. President vun den USA.
- 1870: Auguste-Antoine Charles, lëtzebuergeschen Industriellen a Banquier.
- 1876: George Sand, franséisch Schrëftstellerin
- 1908: Nikolai Andrejewitsch Rimski-Korsakow, russesche Komponist, Dirigent a Musekspedagog.
- 1923: Charles Eydt, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1938: Édouard Wolff, lëtzebuergesche Riichter
- 1962: Eugène Freyssinet, franséischen Ingenieur an Erfinder
- 1978: Jean Proess, lëtzebuergesche Leefer.
- 1991: Claudio Arrau, chileenesche Pianist.
- 1991: Heidi Brühl, däitsch Schauspillerin a Sängerin.
- 2004: Valérie Strecker-Steffen, lëtzebuergesch Hiewan.
- 2009: Omar Bongo, President vum Gabun.
- 2009: Mathias Ries, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2009: Henri Kaudé, lëtzebuergesche Schwëmmer a Sportler op de paralympesche Spiller 1992.
- 2012: Fernand Théato, lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
- 2016: Marina Malfatti, italieenesch Schauspillerin.
- 2020: Marion Hänsel, belsch Schauspillerin, Dréibuchauteurin, Filmproduzentin a Filmregisseurin.
- 2020: Pierre Nkurunziza, Politiker aus dem Burundi.
- 2022: Carmen Welter-Jander, lëtzebuergesch Sopranistin a Gesankspedagogin.
- 2024: Klaus Töpfer, däitsche Politiker
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 8. Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslowakei den 8. Juni 1955 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 8. Juni 1997 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowakei den 8. Juni 2005 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Ukrain den 8. Juni 2006 op der Websäit vun European Football.info