Zanter der Mëtt vun den 1980er Joren ass si déi Sängerin, déi déi meescht Placken a Frankräich verkeeft. Hir Musek huet och e grousse Succès iwwer d'Grenze vun de franséischsproochege Länner ewech, haaptsächlech an Osteuropa. Am Ganzen huet si méi wéi 30 Millioune Placke verkaaft, dorënner 15 Milliounen Albumen. Si hält och de Rekord vun de meeschte Singlen un der Spëtzt (15) an an den Top 10 (47) vun de franséische Singlecharts (Stand: 2016).
D'Mylène Farmer mécht ganz rar ëffentlech Optrëtter a refuséiert all Informatioun iwwer hiert Privatliewen, mä huet sech mat spektakuläre Museksvideoen an Tournéeën eng speziell musikalesch Welt geschaf... > méi
... de Jacques Santer an de Jean-Claude Juncker ee wéi deen aneren noeneen Affekot, CSV-Fraktiounssekretär, Staatssekretär am Aarbechtsministère, Aarbechts-, Finanz- a Premierminister, a President vun der Europäescher Kommissioun waren?
... d'Katastroph vun Tschernobyl der Ëffentlechkeet bekannt gouf, wéi a Schweden anormal héich Stralungswäerter bei enger Atomzentral gemooss goufen, vun deenen ufanks ugeholl gouf, si kéime vun do?