De Grousse Groen Neimäerder lieft an hallefoppene Landschafte mat Hecken an eenzele Beem. En ass ongeféier sou grouss wéi eng Märel. Den allgemengen Androck ass dee vun engem gro-wäiss-schwaarze Vugel mat laange Schwanzfiederen. Vum Schniewel aus leeft op all Säit eng schwaarz Sträif duerch d'A.
Säi lëtzebuergeschen Numm weist op seng Ernierung hin, déi bal ausschliisslech aus Déiere besteet, meeschtens Wullmais a Spëtzmais. Et ass e Standvugel am Süde vu sengem Verbreedungsgebitt, méi nërdlech gëtt en zum Zuchvugel, woubäi d'Zuchdistanz vu Süden no Norden zouhëlt.
Zu Lëtzebuerg ass de Grousse Groen Neimäerder d'ganzt Joer iwwer ze gesinn. Seng Zuel huet an de leschte Joerzéngte staark ofgeholl; de Bestand gouf 2010 op nëmme méi 50-90 Bruttkoppelen am ganze Land geschat ... > méi
… am August 1792, wärend dem éischte Koalitiounskrich d'Haaptarméi vun den Alliéierten mat enger 40.000 Mann, zu Mutfert hiren Haaptquartéier opgeschloen huet?
… d'Reichenbach-Waasserfäll am Kanton Bern, duerch den Arthur Conan Doyle international bekannt goufen, well do deem seng Romanfigur Sherlock Holmes an The Adventure of the Final Problem zesumme mat sengem Feind, dem Professer Moriarty, erofgefall ass?
… am Sëtzungssall vum Hôtel des Terres Rouges (haut de Sëtz vum Kulturministère) véier Medaillone mat Zeenen aus der Stolindustrie an de Boiserien integréiert sinn?
… de Bierg Ararat, deen d'Nationalsymbol vun den Armeenier ass an um Wope vun Armenien drop ass, haut an der Tierkei läit?