Op den Inhalt sprangen

Seamus Heaney

Vu Wikipedia
Seamus Heaney
Gebuer 13. Abrëll 1939
Castledawson
Gestuerwen 30. August 2013
Dublin
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Irland
Educatioun St Columb's College
Aktivitéit Dramatiker, Iwwersetzer, Linguist, Dichter, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Schauspiller, Auteur
Member vun Aosdána, Royal Irish Academy, Royal Society of Literature, American Academy of Arts and Sciences, Academia Europaea
Famill
Bestuet mat Marie Devlin
Papp Patrick Heaney
Mamm Margaret Kathleen McCann

De Seamus Justin Heaney ([ 'ʃeɪməs 'hiːni ]), gebuer den 13. Abrëll 1939 bei Castledawson, County Londonderry, Nordirland, a gestuerwen den 30. August 2013 zu Dublin[1], war en iresche Schrëftsteller. Hie krut 1995 den Nobelpräis fir Literatur.

1966 gouf den Heaney Dozent op der Queen's University an hat 1970/71 eng Gastdozentur op der University of California, Berkeley. 1972 huet hie seng Plaz op der Belfaster Universitéit gekënnegt an ass mat senger Famill an de County Wicklow an der Republik Irland wunne gaangen. Zanter 1976 huet hien zu Dublin gewunnt an do um Carysfort College Course ginn, ier e vun 1985 bis 2006 eng Professur a Rhetorik op der Harvard Universitéit an de Vereenegte Staaten iwwerholl huet. Gläichzäiteg war e vun 1989 bis 1994 Professor of Poetry op der Universitéit vun Oxford a war e Saoi bei Aosdána.

Den Heaney huet 1961 seng éischt Gedichter publizéiert. A senge Wierker huet hie sech dacks mat sengem Heemechtsland, deem senger Geschicht, och alt mat iresche Soen a Mythen, befaasst. An den 1970er Joren huet hien och den Nordirlandkonflikt thematiséiert. A sengen Naturgedichter goufen d'Beschreiwungen dacks als Metaphere fir d'mënschlech Existenz interpretéiert.

1990 koum säin éischt Theaterstéck The cure at Troy eraus. 1999 huet en de Beowulf a modernt Englesch iwwersat. 2010 koum säi Gedichtband Human chain eraus.

Publikatiounen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Blackberry Picking
  • Mid Term Break
  • Eleven Poems (Belfast: Festival Publications, Queen's University, 1965)
  • Digging (Faber & Faber, 1966)
  • Death of a Naturalist (Faber & Faber, 1966)
  • A Lough Neagh Sequence (Manchester: Phoenix Pamphlets Poets Press, 1969)
  • Door into the Dark (Faber & Faber, 1969)
  • Boy Driving His Father to Confession (Surrey: Sceptre Press, 1970)
  • Night Drive (Devon: Richard Gilbertson, 1970)
  • Servant Boy (Detroit: Red Hanrahan Press, 1971)
  • Wintering Out (Faber & Faber, 1972)
  • The Fire i' the Flint: Reflections on the Poetry of Gerard Manley Hopkins (Oxford University Press, 1975)
  • North (Faber & Faber, 1975)
  • Field Work (Faber & Faber, 1979)
  • Selected Poems 1965–1975 (Faber & Faber, 1980)
  • An Open Letter (Field Day, 1983)
  • Station Island (Faber & Faber, 1984)
  • The Haw Lantern (Faber & Faber, 1987)
  • New Selected Poems 1966–1987 (Faber & Faber, 1990)
  • Seeing Things (Faber & Faber, 1991)
  • Sweeney's Flight (mam Rachel Giese, Fotografin) (Faber & Faber, 1992)
  • The Spirit Level (Faber & Faber, 1996)
  • Opened Ground: Poems 1966–1996 (Faber & Faber, 1998)
  • Electric Light (Faber & Faber, 2001)
  • District and Circle (Faber & Faber, 2006)

Iwwersetzungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Beowulf. A New Verse Translation. W. W. Norton, New York City, New York, USA 2001, ISBN 0-393-32097-9.
Commons: Seamus Heaney – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Poet Seamus Heaney dies aged 74. BBC News. 30. August 2013. Gekuckt den 30. August 2013.