Schëffmillen
Ausgesinn
Eng Schëffmillen ass eng rar Form vun enger Waassermillen.
Bei enger Schëffmillen ass de ganze Mechanissem op enger Plattform opgebaut, déi an der Stréimung vun engem Floss verankert ass. De Virdeel vun de Schëffmillen ass deen, datt zu all Ament de Waasserpegel de selwechte bleift, well d'Plattform bei méi héijem Waasser matklëmmt.
Am Wanter konnten d'Schëffmille bei Äisgank aus der Stréimung un d'Ufer a Sécherheet gezu ginn. Wéi d'Schëffaart zougeholl huet, sinn d'Schëffmillen no an no verschwonnen.
Hautdesdaags sinn nogebaute Schëffsmillen, déi funktionéieren, ze fannen:
- zu Minden a Westfalen op der Weser
- zu Höfgen a Sachsen op der Mulde
- zu Mureck an der Steiermark op der ënneschter Mur
- zu Orth an Éisträich op der Donau
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Shipmills – Biller, Videoen oder Audiodateien |