Crux (Stärebild)
Date vum Stärebild Crux | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Südlecht Kräiz |
Däitschen Numm | Kreuz des Südens |
Laténgeschen Numm | Crux, Crux australis |
Laténgesche Geenitiv | Crucis |
Laténgesch Ofkierzung | Cru |
Rektaszensioun | 11h 56m bis 12h 58m |
Deklinatioun | -55°40´ bis -64°40´ |
Fläch | 68 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 25° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Stärenzuel mat Gréisst < 3m |
4 |
Hellste Stär, Gréisst |
Acrux (α Crucis) 0,77m |
Meteorstréim | |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Centaurus Musca |
D'Südlecht Kräiz, Latäin: Crux, ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Crux ass e klengt awer opfällegt a ganz bekannt Stärebild. Déi véier hellste Stäre formen ee markant Kräiz um Himmel. Et läit matzen am helle Band vun der Mëllechstrooss. Südlech ass eng opfälleg Donkelwollek, „Kuelesak“ genannt, ze gesinn.
D'Stärebild ass am Osten, Westen an Norde vum grousse Stärebild Centaurus ëmginn.
Bei eis ass dat Stärebild net ze gesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Crux ass keent vun den 48 klassesche Stärebiller vun der Antiquitéit. Zu der Zäit vum anticke Griicheland war d'Stärebild zwar nach um nërdleche Stärenhimmel ze gesinn, gouf awer dem Centaurus zougedeelt. Duerch d'Prezessiounsbeweegung vun der Äerd huet sech d'siichtbar Positioun vum Stärebild no Süde verréckelt.
Déi europäesch Séifuerer goufen am 16. Joerhonnert op dat Stärebild op der südlecher Hallefkugel opmierksam, woubäi si doran dat chrëschtlecht Kräiz gesinn hunn. D'Kräiz huet hinnen als Orientéierung gedéngt, well d'vertikal Achs op de südlechen Himmelspol weist. D'Stäre vum Kräiz ware scho 1501 dem Amerigo Vespucci bekannt. Méi genee beschriwwe goufen d'Positiounen am Joer 1515 vum Andrea Corsali. Als Stärebild a senger haiteger Form gouf et fir d'éischt am Joer 1589 vum Petrus Plancius op engem Globus agezeechent.
De Johannes Bayer huet 1603 d'Stärebild Crux net a säi Stärenatlas Uranometria iwwerholl. Et daucht eréischt am Atlas Firmamentum Sobiescianum (Uranographia) vum Hevelius' op.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | Acrux, Trishanku | 0,77m | 321 | B0 IV + B1V | |
β | Becrux, Mimosa | 1,25m | 353 | B0 III | |
γ | Gacrux | 1,59m | 87,9 | M4 III + A3 | |
δ | Decrux, Delcrux | 2,79m | 364 | B2 IV | |
ε | 3,4 bis 4,0m | 228 | K3 III | ||
μ1 | 4,03m | 378 | B1 IV | ||
ζ | 4,06m | 361 | B2 V | ||
η | 4,14m | 64,2 | F2 III | ||
θ1 | 4,32m | 230 | A | ||
λ | 4,62m | 360 | B4 V | ||
ι | 4,68m | 125 | K1 III | ||
θ2 | 4,72m | 753 | B2 IV | ||
μ2 | 5,08m | 378 | B5 V | ||
κ | 5,89m | 1700 | B5 I-a |
Déi hellste Stären droen d'Nimm Acrux, Becrux, Gacrux an Decrux. Dat sinn einfach Ofkierzunge fir alpha, beta, gamma an delta am Zesummenhang mat dem laténgeschen Numm Crux.
Duebelstären
[änneren | Quelltext änneren]System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | 1,3m/1,7m/4,8m | 4,0/90en" |
γ | 1,6m/6,4m | 128" |
μ | 4,03m/5,08m | 34,9" |
Den Acrux besteet aus dräi Stären, zwéin extreem liichtstaark Stäre mat de Spektralklasse B1 a B2, souwéi een eppes méi schwaache Stär mat der Spektralklass B4. Scho mat engem klengen Teleskop sinn déi dräi wäiss Stären ze gesinn.
De Gacrux ass en Duebelstär, a besteet aus engem liichtstaarke roude Risestär mat der Spektralklass M4, an engem méi schwaache wäisse Begleeder mat der Spektralklass A3. De Wénkelofstand ass 128 Bousekonnen.
Verännerlech Stären
[änneren | Quelltext änneren]Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
β | 1,25m | Beta-Cephei-Stär | |
ε | 3,4 bis 4,0m | onreegelméisseg | onreegelméisseg verännerleche Stär |
De Becrux (och Mimosa genannt) läit op enger Distanz vun 353 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass een Verännerleche Stär vum Typ Beta-Cephei.
Den ε Crucis ass een onreegelméisseg verännerleche Stär, deem seng Hellegkeet ouni erkennbar Period tëscht 3,4 a 4,0m schwankt. Hien ass 150 Liichtjoer ewech a gehéiert zu der Spektralklass K3.
NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
4755 | 4,2m | Oppene Stärekoup | Jewelbox (Juwelekëscht) | |
Donkelniwwel | Kuelesak |
Den Oppene Stärekoup NGC 4755 ass ronn 5.000 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Scho mat bloussem A ass eng Usammlung vu Stären ze gesinn. Am Teleskop ass et eng schéi Vue op blo an orange-rout Stären.
Südwestlech vum Crux ass een opfällegen Donkelniwwel, de Kuelesak ze gesinn. Et handelt sech dobäi ëm eng Wollek mat Matière wéi Gas a Stëbs op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer, déi d'Liicht vun de Stären, déi dohanner sinn, absorbéiert. Am Teleskop weist et interessant Strukturen.
Fändele mat dem Stärebild Crux
[änneren | Quelltext änneren]D'Staaten Australien, Samoa, Neiséiland, Papua-Neiguinea a Brasilien souwéi follgend australesch Bundesstaate Victoria, Australian Capital Territory, Northern Territory hunn d'Kräiz vum Süden an hire Fändel opgeholl, Australien och als Motiv op enger Mënz.
Och déi australesch Chrëschtinsel am Indeschen Ozean am australesche Bundesstaat Western Australia.) huet d'Kräiz vum Süden op sengem offizielle Fändel opgeholl. Weider weist de Fändel vun der südamerikanescher Zollunioun Mercosur d'Kräiz.
Als Südlecht Kräiz gëtt och de Fändel vun de Konfederéierte Staate vun Amerika bezeechent. Dat huet awer mat dem Stärebild näischt ze dinn.
-
Fändel vun der argentinescher Provënz Tierra del Fuego (Feierland)
-
Fändel vu Mercosur
Historesch Duerstellungen
[änneren | Quelltext änneren]- Hevelius: Uranographia 1690 – Emisfero Sud, Museo Astronomico di Brera
- Johann Bode: Uranographia 1801 – Duerstellug am Ridpath: Startales.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kreuz des Südens – Biller, Videoen oder Audiodateien |