D'Iwwerreschter vun enger aler Réimervilla tëscht Näerden a Rippweiler beleeën awer datt scho fréi Leit an deem Streech gewunnt hunn. Den Duerfnumm, mat senger Endung op '-ingen', weist op eng (Nei)grënnug a fränkescher Zäit hin. 1245 daucht et ënner dem Numm Nurdingen oder Nerdingen a Charten op.
Aus engem Dokument vun 1317 geet ervir, datt Näerden dunn ënnert enger ganzer Rei Härschaften a Kléischter opgeelt war. D'Abtei vu Clairefontaine hat d'Grondhärschaft an d'Geriichtsbarkeet. D'Patronatsrecht hat d'Märjendaller Klouschter, mam Recht op de groussen Zéngten (Feldfriichten), iwwerdeems den Här vun Useldeng Usproch op de klengen Zéngten (Friichten aus dem Gaart) hat.
Ëm 1570 geet rieds vun enger Kapell zu Näerden, déi dem Hellegen Dionysius (Denis) geweit war. 1656 als Folleg vu jorzéngtelaange Kricher a vun der Peschtepedimie vu 1636, gouf et zu Näerden just nach 6 Stéit... > méi
… déi iwwer 21 km laang Donauinsel zu Wien tëscht der Donau an der Neier Donau an den 1970er/1980er Joren ugeluecht gouf, fir Héichwaasser ze reguléieren?
… den Numm vun der Uertschaft Blummendall näischt mat Blummen ze dinn huet, ma éischter op eng keltesch Gottheet zeréckgeet?
… de Skorpioun I. en alegyptesche Kinnek aus der Virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr., war?
… d'Avenue Kennedy um Kierchbierg ursprénglech als Autobunn gebaut gi war, dann awer tëscht dem Enn vun den 1990er Joren an dem Ufank vun den 2010er Jore als Stadboulevard zeréckgebaut gouf?
… d'Gare vun Herbesthal, déi 1843 opgoung, déi eelst europäesch Grenzgare war?