D'Klouschter, dat am Ufank nach ganz aarm war, huet sech séier ermaach wéi d'Yolanda vu Veianen 1258 déi zweet Priorin gouf. Duerch en ettlech Schenkungen vun de -Grofe vu Veianen, vu wou d'Yolanda hierkoum, a vu Lëtzebuerg, an deenen hirer Grofschaft d'Klouschter louch, huet de Mariendall e groussen Opschwonk erlieft. D'Yolanda huet eng Bibliothéik ariichte gelooss a sou fir eng wirtschaftlech a kulturell Bléi am Klouschter gesuergt. Ënner hirer Leedung gouf och déi gotesch Klouschterkierch gebaut, vun där haut näischt méi ze gesinn ass. Si gouf 1296 geweit. Ënner dem Altor vun dëser Kierch war och der Yolanda hiert Graf.
1314 huet déi nei Priorin Margréit vu Lëtzebuerg, Schwëster vum Lëtzebuerger Grof a Keeser Heinrich VII., d'Augustinerreegel opginn (déi zesoen d'Basis vun der Dominikanerreegel ass) an d'Klouschter huet sech du just nach exklusiv a streng un d'Dominikanerreegel gehalen...
… zu Paräis, an der Zäit vum Directoire, et Moud war, sech zu den Incroyables oder de Merveilleuses ze zielen?
… d'stenge Mauer ronderëm den Domän vum Schlass Kockelscheier vun engem eenzege Mann, engem gewësse Welter, bannent 15 Joer – vun 1880 bis 1895 – gebaut gouf?
… beim Tour de France 2011 fir d'éischt Kéier an der Geschicht vum Tour, net nëmmen zwéi Lëtzebuerger, ma och zwéi Bridder mat um Podium stoungen?