No jorelaangen Diskussiounen a Geplangs huet d'Chamber de 4. Juni 2014 mat 56 vu 60 Stëmmen e Gesetz gestëmmt, fir en Tram vun der Luxexpo op d'Stater Gare ze bauen. Den 18. September 2015 goung et lass mam Bau. Déi éischt Schinne goufen am Juli 2016 an der Avenue Kennedy verluecht.
Dat éischt Deelstéck bis bei d'Halt Rout Bréck - Pafendall goung den 10. Dezember 2017 op. D'Streck gouf bis Juli 2024 véiermol verlängert a féiert virleefeg op enger Längt vu knapps 12 km vun der Luxexpo iwwer de Kierchbierg, den Hamilius, d'Garë vu Lëtzebuerg an Houwald bis bei de Stadion vu Lëtzebuerg. Den 2. Mäerz 2025 geet mat der fënnefter a leschter Verlängerung déi definitiv Streck tëscht dem FluchhafeFindel an dem Stadion op. D'Linn huet da 24 Statiounen op ronn 16 Kilometer. Weider Linnen, ë. a. iwwer d'Areler Strooss, op Hollerech a laanscht d'Autobunn A4 bis op Bieles, solle bis 2035 nokommen.
D'Linn gëtt da mat Urbos 3-Ramme vun der spuenescher Firma CAF exploitéiert, déi Plaz hu fir bis zu 450 Leit pro Ramm. Am Stadzentrum fueren d'Zich ouni Catenaire a ginn do mat Stroum aus Superkondensatoren ugedriwwen... > méi
... Manderen virun der Franséischer Revolutioun eng lëtzebuergesch Enklav a Loutrenge war?
... dem Johann Philipp Bettendorf (1625-1698) seng Chronik vun de Jesuittemissiounen am Amazonasgebitt als eng Fondgrouf net nëmme fir Kiercherechtler a Missiounstheologen, mä och fir Ethnologen, Biologen, Historiker a Soziologen ugesi gëtt?